Graswaasser + Eechelsbaach

 

2022 Re’den bei Longkég/Rolleng (Lamadeleine), Fond de Gras, op der Grenz vun de Flouer «ënnescht Blénken» a «Grand Bois» leeft «d’Maragole» aus dem Bierg. D’Waasser gëtt am Bierg hannert der «Giédel» op Nidderkuer erop gefaangen an duerno ënnerierdesch weider geleet mat Zoulaf aus de Galerien bis an den Dall «ënnescht Blénken». D’Baach hat bis haut 2 Nimm: «1838 Graswaasser», haut «Maragole». Wuert Maragole kënnt aus dem wallouneschen, maraud = miserabel, gole = rigole = Kulang.
Gemarkung vun der Gemeng Péiteng besteet haut nach aus 181 Flouer; Rolleng mat 77, Rodange 40 a Péiteng 64.
2022 Réiden op der Kor/Rolleng (Lamadeleine), Fond de Gras, op der Grenz vun de Flouer «ënnescht Blénken» a «Grand Bois» kënnt «d’Maragole» aus dem Bierg, «1838 Graswaasser», duerno «Marglaude» haut «Maragole». 1939 hat Rolleng 3 Millen, d’Mille Frank un der Eechelsbaach, d’Mille Müller un der Kor an d’Mille Kruchten un der Maragole.
2022 Rolleng (Lamadeleine), d’Kor am «Millepäsch», just virum klenge Waasserfall ganz rieds leeft d’Maragole an d’Kor. 1939 hat Rolleng 3 Millen, d’Mille Frank un der Eechelsbaach, d’Mille Müller un der Kor an d’Mille Kruchten un der Maragole.
2022 Rolleng (Lamadeleine), am «Millepäsch» leeft d’Maragole no ongeféier 3km an d’Kor, weider Richtung Attem, Gemeng Éibeng an der Belsch.
2022 Rolleng (Lamadeleine), am «Millepäsch» 250m virun der Grenz, leeft d’Maragole no ongeféier 3km an d’Kor, weider Richtung Attem, Gemeng Éibeng an der Belsch.
2022 Rolleng (Lamadeleine), am «Millepäsch» 250m virun der Grenz, leeft d’Maragole no ongeféier 3km an d’Kor, weider Richtung Attem, Gemeng Éibeng an der Belsch.
2022 Rolleng (Lamadeleine), am «Millepäsch», Bréck iwwert der Kor mécht Grenz, hannert der Bréck ass d’Belsch, duerno fléisst se weider Richtung Longsduerf a Frankräich. D’Kor huet 45 Zouflëss a leeft no 140km südlech viru Sedan an d’Meuse. Zu Lëtzebuerg sinn dat d’Rouerbaach, d’Mierbaach, d’Wessegbaach, d’Eechelsbaach an d’Maragole.
2023 Januar Rolleng (Lamadeleine), um Flouer «Heedebur» entspréngt «d’Eechelsbaach», schléngert den Dall erof laanscht d’Fëschweieren an d’Grondmillen, weider duerch d’Eechelstrooss, an ënnerierdesch duerch Rolleng bis se op der lénker Säit an d’Kor leeft. De Numm «Rolleng» ass ofgeleet vun de Flouernimm Röhr, Re’er, Rohr, Ruhr asw. Rohr kënnt vu Schilfrohr wat laanscht Waasser wiisst a wou d’Waasser oft Grenz meet tëschend Uertschaften, Bësch, Wisen, Felder a Flouer. An der «Barenzäit (Bar-le-Duc)» huet Rolleng an Attem d’Grenz mat Péiteng gemaach an esou soll de Numm Rolleng «Duerf um oder beim Rohr» ofgeleet gi sinn.
2023 Januar Rolleng (Lamadeleine), um Flouer «Heedebur» entspréngt «d’Eechelsbaach», wou se am Hang aus dem Buedem quëllt, lénks am Bild, a knapp aus dem Bësch sech duerch d’Wisen den Dall erof schléngert an Duerf. 1973 sinn nach 580 Liter pro Minutt an den Dall erof gelaf.
2023 Januar Rolleng (Lamadeleine), um Flouer «Heedebur» entspréngt «d’Eechelsbaach», leeft de Rampli erof a schléngert duerch d’Wisen ënnert der Bunn erduerch an Duerf. 1939 hat Rolleng 3 Millen, d’Mille Frank un der Eechelsbaach, d’Mille Müller un der Kor an d’Mille Kruchten un der Maragole.
2023 Péiteng um Flouer «am Millepäsch», ass een Dëmpel vu Quellewaasser dat sech iwwert de Foussgängerwee mat der Kor gesellt, beim Referenzpunkt vum Waasserlaf Kilometer 0,35. De Waasserlaf vun der Kor huet zu Lëtzebuerg eng Längt vun 11 km, de Null ass op der belscher Grenz, an 11 um Korspronk.

2025  Januar Péiteng, hannert der Kläranlag, «d’Kor» mam Zoulaf vun der «Eechelsbaach».


2025  Januar Péiteng, hannert der Kläranlag, Siicht vum Zoulaf vun der «Eechelsbaach» an de lénkse Säitenaarm vun der «Kor».


2025 Januar d‘Waasser vun der «Eechelsbaach» entspréngt zu Rolleng am Bësch um Flouer «am Heedebur», weider «am Grond», duerch «d’Alerten», schléngert den Dall erof laanscht d’Weieren «am Millefeld», duerno «an der Millebaach», laanscht den Titus Terrain «an der Fraëwiss», weider ënnert der Wisestrooss erduerch Richtung Westsäit vum Lycée Mathias Adam «op Eechels», fir duerno «an der Rutۛ» ënnert Met-Lux erduerch zu Péiteng no 2,4km an d’Kor ze lafen, dat ass beim Waasserlaf Kilometer ±0,75, no bei der Foussgängerbréck hannert dem Fussballsterrain.